Vëlosummer 2023

Dëse Summer hutt Dir rëm d’Méiglechkeet fir di flottsten Ecker vun eisem Land um Vëlo ze entdecken. Och de Wëlle Westen ass op e Neits mat engem Tour beim Vëlosummer vertrueden wärend den 2 Weekender vum 29.-30. Juli & 5.-6. August.

Schmugglertour 35 km

Den offiziellen Tour vum Vëlosummer 2023 am Wëlle Westen ass de Schmugglertour mat 35 km a Start zu Ell. Et geet iwwer Nidderkoulbich op Grëndel, Atert, Noutem, Houltz, Flatzbuer, Kietscht, Rammerich a Réiden zréck op Ell.
Eng Rei Stroosse sinn dës 2 Weekender fir den Duerchgangsverkéier gespaart : Ell – Nidderkoulbich (CR 302), Nidderkoulbich – Atert, Houltz – Flatzbour (CR310). D’Deviatioune sinn ausgeschëldert.

Familljentour 9 km

Well de Schmugglertour awer schonn eng Portioun Ausdauer viraussetzt, proposéiere mir de Familljen d’Streck tëscht Ell an Atert ze fueren, déi di 2 Weekender fir
den Duerchgangsverkéier gespaart ass. Dëst ass nämlech eng eemoleg Geleeënheet fir mat Äre Kanner dës grenziwwerschreidend Strooss sécher a gemittlech um Vëlo ze erliewen. Den Aller-Retour vun Ell op Atert an zréck si 9 km. Zu Ell am Schoulhaff wäert ee Geschécklechkeetsparcours fir Grouss a Kleng opgeriicht ginn.

Retour