Primmen fir spuersam Haushaltsapparater a fir den hydrauleschen Ofglach

Dir wunnt zu Biekerech, Ell, Groussbus, Préizerdaul, Rammerech, Réiden, Saeul, Useldeng, Viichten oder Wal, da profitéiert vun enger Primm beim Kaf vun engem neie spuersamen Haushaltsapparat mat der folgender Energieklass :

Wat fir Apparater si concernéiert ?

Reparatur vun engem Haushaltsapparat

Profitéiert och vun enger Primm fir d'Reparatur vun engem Haushaltsapparat (Wäschmaschinn, Trockner, Spullmaschinn, Frigo, kombin. Apparat, Tiefkühler) Klass A +++ vu 50% vum Betrag vun der Reparatur mat engem Maximum vun 100 €.

Hydrauleschen Ofglach :
Am Fall vun engem hydrauleschen Ofglach a Kombinatioun mat dem Tosch vun der Heizungspompel gëtt ee Subside an Héischt vun 300€. Dëse Subside gëtt et nëmme fir Haiser am Bestand an net fir Neibauten.

Bénéficiairen : 

  • All nei gegrënten Haushalt
  • All Haushalt dee fir d'éischte Kéier e Gerät aus enger Kategorie kaf oder flecke gelooss huet.
  • All Besëtzer vu Wunnengen déi dës nëmme fir Wunnzwecker verlount hunn.

Délais :

D'Primm kann nëmmen eemol all 10 Joer un deselwechte Stot oder Besëtzer vu Locatiounswunnenge fir Wunnzwecker fir dee selwechten Typ vun Apparat ausbezuelt ginn.

D'Demande vun der Primm ka just bis spéitestens 1 Joer nom Datum vun der Rechnung vum Kaf oder Reparatur vum Gerät ugefrot.

Professionelle Gebrauch :

D'Primm gëllt nëmme fir Apparater déi a privat Wunnengen stinn.
Apparater fir professionell oder kommerziell Notzung déi kaaft ginn, sinn ausgeschloss.

Formalitéiten :

Bei all Ufro vun enger Primm musse folgend Dokumenter dobäi leien :

  • eng Kopie vun der Kaf- oder Reparaturrechnung mat folgenden Informatiounen : Numm an Adress vum Keefer, Typ a Modell vum Apparat, Datum vum Kaf oder Reparatur
  • eng Kopie vun der Bezuelung vun der Rechnung
  • e Relevé d'Identité Bancaire (RIB)
  • den Energielabel vum Apparat fir nei a gefleckten Apparater
  • e rezente Certificat de résidence élargi dee vun der Gemeng ausgestallt gëtt oder och op Myguichet.lu erofgeluede ka ginn
  • e Certificat vun der Entsuergung vum alen Haushaltsapparat (Gemeng, Sidec oder Elektriker)
  • fir Besëtzer vu Locatiounswunnengen aus dem Kanton Réiden, en Titre de propriété vun der Wunneng

Är Demande schéckt dir op folgend Adress :

Réidener Energieatelier
Service primes électroménagers
11, Grand-Rue
L-8510 Redange
primes@energieatelier.lu
Tel : 28334 - 430

Retour