Eng nei Kommunikatioun fir de Syndikat Kanton Réiden

Eng nei Kommunikatioun fir de Syndikat Kanton Réiden

Nodeems mir iwwer di leschte Joren ëmmer méi gewuess sinn an eng Rei Asbl’en (Energieatelier, Sportkrees, A Butzen) an d’Struktur vum Syndikat opgeholl goufen, war de Moment do fir eis Kommunikatioun no baussen z’iwwerschaffen.

Mat Hëllef vun enger externer Agence gouf eng detailléiert Analyse gemaacht a Recommandatiounen ausgeschafft.

Eng vun de wichtegste Recommandatiounen ass d‘„One Brand Strategy”. Wat heescht dat ?

Bis elo huet all Service säin eegene Logo gehat. Kee vun de Logoen huet awer eng Relatioun mam Syndikat opgewisen. Ganz vill vun eise Bierger wossten dowéinst zu Recht net, dass di verschidde Service zum Syndikat géinge gehéieren.

Mat der neier Kommunikatiounsstrategie wäert de Logo vum Syndikat elo vun all Service mat gedroe ginn. Do dernieft hu mir och den Entschloss getraff fir den Numm vun de Servicer unzepassen, fir dass jiddereen direkt weess, wat sech hannert dem Service verstoppt.

Eng aner Recommandatioun betrëfft di vill verschidde Facebook- an Internetsäiten, déi eis Servicer eenzel bedriwwen huet. Hei wäerte mir och eng Vereinfachung erabréngen an alles op d’Facebook- an d’Internet-Säit vum Kanton eriwwerhuelen. Di eenzel Säite vun de Servicer wäerten dee Moment zoumaacht ginn. Esou kommunizéieren di allermeescht Servicer vum Syndikat duerch een an dat selwecht Sproochrouer.

Dowéinst gëtt d’Internetsäit vum Syndikat de Moment komplett nei gestalt a wäert an den nächste Méint prett sinn.

Une nouvelle communication pour le Syndicat "Kanton Réiden"

Après avoir connu une croissance constante au cours des dernières années par l’intégration de plusieurs associations sans but lucratif (Energieatelier, Sportkrees, A Butzen) dans la structure du Syndicat, le moment était venu de revoir notre communication.

Avec l'aide d'une agence externe, une analyse détaillée a été réalisée et des recommandations ont été formulées.

Une des recommandations les plus importantes est la « stratégie de marque unique ». Qu'est-ce que cela signifie ? Jusqu'à présent, chaque service a eu son propre logo. Aucun de ces logos ne présente une relation visuelle ou textuelle avec le Syndicat. Beaucoup de nos citoyens ignorent à juste titre que les différents services appartiennent au Syndicat.

Avec la nouvelle stratégie de communication, le logo du Syndicat sera désormais intégré par tous les services. En plus de cela, nous avons également décidé d'adapter le nom des services afin que chacun sache directement ce qui se cache derrière ce service.

Une autre recommandation concerne la multitude des sites Facebook et internet exploités par un bon nombre de nos services. Nous allons simplifier cela en consolidant tout sur la page Facebook et le site internet du Syndicat. Les pages individuelles des services seront fermées. Ainsi, les différents services du canton communiqueront de manière unifiée et cohérente.

Par conséquent, le nouveau site internet du Syndicat est en cours de refonte et sera prêt dans les prochains mois.

Wéi gesinn di nei Logoe vun de verschiddene Servicer vum Syndikat Kanton Réiden elo aus ? / À quoi ressemblent les nouveaux logos des différents services du Syndicat du Canton de Redange ?

Retour