Eierung Tour du Duerf 2023 am Kanton Réiden

De Kanton Réiden huet fir 5. Kéier di éischt Plaz landeswäit an der Kategorie vun de meeschte Kilometer bei der Kampagne Tour du Duerf gewonnen. Insgesamt sinn eis 216 Vëlosfuerer 48.775km an den 3 Woche vun dëser Kampagne gefuer.

De 15. November sinn d'Gewënner vum Tour du Duerf aus dem Kanton Réiden vun eise Gemengepolitiker geéiert ginn.

Uschléissend hu 4 Participanten vum Tour du Duerf eis hier Vëlosrees virgestallt, mat flotte Biller a spannende Story'en.

Mir felicitéieren all de Gewënner an soen jidderengem ee grousse Merci, deen zu dësem Erfolleg bäi gestrampelt huet.

 

 

Retour