Appel à des citoyens engagés qui veulent faire une différence dans leurs communes

Appel à des citoyens engagés qui veulent faire une différence dans leurs communes !

Peut-être avez-vous déjà vu dans vos communes un appel officiel à s’inscrire aux nouvelles commissions d’intégration dans le cadre du « Pacte pour le vivre ensemble » ?
Et vous vous demandez comment vous pouvez vous engager pour une bonne cohabitation ou si une collaboration dans votre commission d’intégration serait une bonne idée, mais vous n’avez pas assez d’informations ?
En janvier, le Kanton Réiden et la commune de Mertzig vous invitent à une réunion citoyenne pour répondre à vos questions. A cette occasion, nous voulons vous présenter le pacte du Vivre-Ensemble et les différentes possibilités de vous engager, que ce soit en tant que membre de la commission d’intégration ou d’une autre manière. En outre, nous vous présenterons les possibilités de soutien offertes par le « Pacte du Vivre-Ensemble » (Pakt vum Zesummeliewen). C’est aussi une bonne occasion pour vous de rencontrer des membres des commissions d’intégration et d’autres citoyens engagés.
Afin de s’adresser au plus grand nombre de citoyens possible, trois réunions sont programmées à Ell, au Préizerdaul et à Rambrouch en collaboration avec les communes et les commissions d’intégration hôtes. Une réunion sera organisée en luxembourgeois, une en français et une en portugais, avec une traduction simultanée
dans d’autres langues. Intéressé ?
À la fin de l’année, vous trouverez un dépliant avec les détails dans votre boîte aux lettres.

En espérant vous accueillir nombreux à la date et la langue qui vous conviennent, je me tiens à votre disposition pour des questions ou suggestions éventuelles.

Karsten Kuepper
karsten.kuepper@kanton-reiden.lu

Opruff un engagéiert Bierger, déi an hirer Gemeng en Ënnerscheed maache wëllen !

Dir hutt vläicht schonn en offiziellen Opruff an äre Gemenge gesi fir Iech fir déi nei Integratiounskommissiounen am Kader vum „Pakt vum Zesummeliewen” anzeschreiwen ?
An elo denkt Dir drun, wéi Dir Iech vir e gutt Zesummeliewen asetze kënnt oder ob d’Matmaachen an Ärer Integratiounskommissioun eng gutt Iddi wier, mä Dir hutt net genuch Informatiounen ?
Am Januar invitéieren de Kanton Réiden an d’Gemeng Mäerzeg op eng Biergerversammlung, fir är Froen ze beäntweren. Bäi dëser Geleeënheet wëlle mir Iech virstellen,
ëm wat dëse Pakt geet a wéi Dir matmaache kënnt, ob als Member vun der Integratiounskommissioun oder op eng aner Manéier. Ausserdeem diskutéiere mir mat Iech, wéi eng Ënnerstëtzungsméiglechkeeten Iech aus dem „Pakt vum Zesummeliewen” zur Verfügung stinn. Natierlech ass dat och eng flott Méiglechkeet, Membere vun den Integratiounskommissiounen an aner engagéiert Bierger kennen ze léieren.
Fir esou vill wéi méiglech Bierger unzeschwätzen, fënnt d’Biergerversammlung mat der Ënnerstëtzung vun de jeeweilege Gemengen an Integratiounskommissiounen
zu Ell, am Préizerdaul an zu Rammerech statt. Déi drëi Versammlunge wäerte jeeweils an enger anerer Haaptsprooch gehale ginn an dëst eemol op Lëtzebuergesch,
eemol op Franséisch an eemol op Portugisesch. Parallel wäerten awer och Simultaniwwersetzungen an aner Sprooche stattfannen.
Interesséiert ?
Enn vum Joer fannt Dir ee Flyer mat den Detailer an ärer Bréifkëscht. Ech hoffen, dass dir e passenden Datum a Sprooch fir iech fannt an dass mir eis geschwënn op enger vun de Biergerversammlunge wäerte gesinn. Wann Dir Froen oder Virschléi hutt, kontaktéiert mech !

Karsten Kuepper
karsten.kuepper@kanton-reiden.lu

 

Retour